Dieses Forum wurde stillgelegt.
Bitte benutze die neue offizielle Seite unter www.germansmash.de

Luxembourg's ''Officiele Youtube Channel''

    Diese Seite verwendet Cookies. Durch die Nutzung unserer Seite erklären Sie sich damit einverstanden, dass wir Cookies setzen. Weitere Informationen

    • Luxembourg's ''Officiele Youtube Channel''

      Moien un all Lëtzebuerger des Forum,

      Als eicht wollt ech mol feststellen, dass mer och mol endlech een officielen Youtube Channel fier eis hunn!

      Wann ed een schon géif gin, sollt een mier bescheed soen, well dann kéinten mier dei 2 Channellen ''verbannen''. Daat heecht, deen Channel géif dann mat eisem sou benannten ''Luxembourg Smashers Channel'' fusionneiren, wann ech daat mol sou soen kann.

      Wéi een Zwéck bréngt eis daat?

      Majo, den Grond, fier waat ech daat maache wëll, ass dass ech eis Melee an Brawl Community zesummen bréngen wëll. Waat ech nach emmer net verstinn, dass eis gudd Melee Spiller soen, dass Brawl Suckt. Wat bréngt ierch daat ze soen? Net graad vill oder? Well Brawl an Melee ass den nämmlechten Prinzip! Spaß um Spill hunn. Wou ass dann do den Spaß wann een sech géigenseitesch streid? Mer Melee an Brawl sollten alles spillen an un alles Spaß hunn. Kuckt, huelt mol een Beispiel um otek, hien spillt och elo nach Brawl, obwuel hien Melee gären spillt. Ech hunn och ugefaang mat Melee, well ech mol eppes aannechters wëll. Wann mer all zesummen haalen, kenne mer och ed vielleicht packen, dassen d'Léit herno soen, d'Lëtzebuerer hunn recht!

      Denkt mol driwwer no ;)

      Kommen elo zum Youtube Channel zeréck.
      Hien hätt den Numm:
      Luxembourg Smashers (Wann där ed akzepteiert)
      Spiller dei eran géife kommen wären folgend :
      Melee an Brawl
      Mer ( Ech wielen nach puer Léit dei sech méi mat Melee auskennen ewei ech ^^ )
      wärten dann och alles klasseiren.

      Elo briecht ech Léit, déi mier hëlleffen alles ze Gereiren.
      Ech briecht 3 Léit. Mat mier, maachen ed dar schon 4. 4 gin dach fellesch duer oder?

      Méng Propose :

      1. Crysis (Ech)
      2. Trinity ( Wann ech mech net irren huest du schon een Channel , ass awer nemmen fier Melee :( )
      3. Desti ( Ech huelen mein Brudder, well ech vertrauen an him hunn)
      4. otek ( Ech géif soen , dass nach een Melee Spezialist hëlleffen keint.)

      Sou, also, 2 Brawler an 2 Melee
      Bon, otek spillt och Brawl, awer ass dach mei Melee oder?
      Mein Brudder an ech spillen och Melee, awer mengen mer sin mei Brawl
      Trinity, wees ech net sou, hunn hien nach nie gesin, hunn awer schon vill guddes iwwert hien héiren, dofir vertrauen ech him.

      Wéi fennd dier meng Idee?

      Hoffen op vill Erfolger ;)

      Ären klenge Crysis :)
      Just die motherfuckers
    • Do ass rem nees en decken Bubbenknescht deen mengt, hien wier lustech. OLOLOL

      Ech wosst nix dovunner xD, mee ech enerstetzen d'Idee, an huelen dese Post gaeren un, vu que dat ech extrem vill am Youtube remreiden xD.

      Ech wert an den nächsten Deech, versichen, 2 Ordneren ze man, dei och enerklasseierungen kreien.

      Dann hätt ech awer lo eng Nofro. Ech hun heiren, den Trinity hätt mat Melee opgehaal :O

      Hoffen, dier kommt zahlreich, fier dat maer endlech eisd Land eng besser Sicht gin an net dat et emer heescht:

      Luxemburg?Luxembourg?Luxembourg?

      Wo isn das?Where is this country?Are you guys german or something like that? Le luxembourg, c'est en amérique non?

      Desti
    • Hmm klengt ganz interresant, also ech wär voll dofia. Wollt schon emma de Rescht vun den letze Brawler kennenléieren, den slinet ass jo schon eng Kéier bei eis komm =P

      Zum gemeinsamen Channel muss ech nach mat den aaneren schwetzen, wann dann géif ech soen dass mer nemmen Turnéier-Vids eranklaaken. Am schlemmste Fall dann einfach zwee separat Channel fia béid Spiller, mee ech gesinn daat nach mat den aaneren ^^

      An just fia dass et kloer ass: Ech hunn nii öffentlech behaapt Brawl wär kack, daat sinn einfach zwee verschidde Spillstiiler déi een sou direkt nët mateneen verglaichen kann. Et sinn halt aaner Spiller, an deem Sënn ^^
      Heescht awa nët dass ech Brawl nët gär hunn, an kucken heinsdo den een oder den aaneren Match op YT, et ass just nët ganz beliebt ënner eis ^^'

      Original von GFD!
      Dann hätt ech awer lo eng Nofro. Ech hun heiren, den Trinity hätt mat Melee opgehaal :O

      Desti


      O_______o"

      Daat ass dee gréisste Quatsch deen ech haut geliest hunn x)
      Do géif mech awa interesséieren ween der daat erzielt huet ;)

      EDIT: ninja'd lol


      Bon ech denken den Message ass eriwwerkomm, wär wierklech cool ierch all eng Kéier treffen ze kënnen ^^
    • Merci fier dei doll Informatioun Trinity ^^
      Daat heecht ed ged festgestalt, dassen mier 4 iwwert den account awer oppassen.
      An mier kéinten jo, i-wann een Offline SF maachen, wou dann all Lëtzebuerer kommen géif.

      Username an Passwuert, kritt dier 2 nach an dar nächster, wann dier mat denene anner driwwer schwätzt.

      Mee mer kéinten och roueg friendlies maachen, dann hätten déi aanner Léit aus aanner länner mei ze kucken ^^

      Ech géif vierschloen :

      Brawl & Melee Singles , Friendlies
      Brawl & Melee Doubles , Friendlies

      Brawl & Melee Singles , Tournament Matches
      Brawl & Melee Doubles , Tournament Matches
      Just die motherfuckers
    • Hmm zwar stéiert mech nach epps: Zum engem ginn eis Turnéier-Vids schon iwwert dem Offiziellen daitschen Melee Account eropgelueden, do hunn mer och vill méi Chancen op méi Views. Zum aaneren ginn d'Friendlies schon ënnert eis Accounts eropgelueden, meeschtens iwwert mengem (an leschter Zait zwar nët méi).
      Also wéi gesoot, ech wär interesséiert, mee esou direkt gesinn ech (nach) nët wéi Melee dofunner profitéieren kéint, vu que dass eis Vids schon op aaner Channels eropgelueden ginn an do schon zimlech vill Succés huet...
      Héchstens kënne mer vllait nach Friendlies man, mol kucken, muss daat wierklech fia d'éischt mat deenen aaneren kucken.

      Also elo nët falsch verstoen, ass halt meng Meenung ^^"
    • Ech hätt naischt dogeint fir mol e puer friendlies um gemeinsamen channel ze uploaden. Mee ech sin awer dofir dass d'turneier matcher weider iwwer den GermansSmashBros channel laafen. Op alle fall muss den neien channel bekannt gin, soss brengt et souwisou naischt. En treffen ass och eng gudd idee, misst een et just nach arrangeiren.

      ~
    • Wow, den Channel gesait definitiv iwwerbéis aus =P

      Ok ech mengen dier hudd mech iwwerzeecht, ech mengen ech maan mol ee Video wou ech op dessen Channel hinweisen, fia dass mer e bessi méi Abonnenten kréien.

      Ech denken awa Friendlies an lokal LU-Turnéier kéinten awa schon op deem Channel eropgelueden ginn, daat misst kee Probleem sinn ^^